Seele Kränkte sinn hautdesdaags méi present an der Ëffentlechkeet wéi nach viru Joren. Rar Krankheete ginn et der vill, betraff sinn awer nëmmen ee klengen Deel Mënschen. Fir d’Pharmaindustrie kee profitabele Geschäftsmodell, soudatt d’Fuerschung vun deene Kränkten an d’Entwécklung vu Medikamenter nëmmen duerch Spende méiglech ass.
Eng vun esou seele Kränkten ass d’Leukodystrophie, a fir déi engagéiert sech ELA Lëtzebuerg. Hire President gëtt Detailer.