Retromania
Jean Marais: E "Monstre sacré" vum franséische Kino
9 min
De franséischen Acteur Jean Marais war ee vun den Haaptprotagoniste vun de sougenannten “Film de cape et d’épée” a gouf doduerch zu engem vun de populäerste franséische Schauspiller.
Dernieft war de Jean Marais och e Frënd an de Liewenspartner vum Schrëftsteller a Realisateur Jean Cocteau, deen den Acteur a sengem Filmklassiker vun 1946 “La Belle et la Bête” agesat huet, wat aus dem Jean Marais och en aussergewéinleche Charakterschauspiller gemaach huet.
De grousse Fëmmert Jean Marais ass zu Cannes dann den 8. November 1998, viru 25 Joer, un de Suitte vun enger Longenentzündung gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht zu Vallauris begruewen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus