Retromania
James Last: De Meeschter vum "Happy Sound"
9 min
Den Hans Last, oder besser James Last, ass de Createur vum sougenannten ”Happy Sound”, engem Museksstil, mat deem hien a säin Orchester Joerzéngte laang d’Mënsche vu quasi alle Generatioune begeeschtert hunn.
Hie war um Sommet vu sengem gréisste Succès mat sengem “Happy Sound” bis 30 Prozent vum Ëmsaz vun der däitscher Plackefirma Polydor responsabel.
De 17. Abrëll gëtt un dem Bassist, Pianist, Bandleader, Komponist, Arrangeur a Produzent James Last säi 95. Gebuertsdag geduecht. Dee grousse Meeschter vum “Easy Listening” ass den 9. Juni 2015 am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
De Jean Claude Majerus erënnert un dee groussen Orchesterchef James Last, deen och ganz enk mam däitsche Programm vu Radio Lëtzebuerg, de “fröhlichen Wellen” verbonne war.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus