Retromania
Jacques Brel: Eng Inspiratiounsquell fir déi franséisch Chanson
6 min
Duerch d’Musek onstierflech ginn, dat wënscht wuel all Museker sech, et sinn der awer just nëmme ganz wéineg, déi et packen, een dovun de Jacques Brel.
Den nächste Méindeg, den 8. Abrëll, gëtt un dem Jacques Brel säi 95. Anniversaire geduecht.
Dee groussen, legendäre Sänger huet den 9. Oktober 1978 d’Lutte géint de Kriibs verluer, hie krut grad emol 49 Joer.
Ouni Zweiwel ass de Jacques Brel eng Kultfigur an der Landschaft vun der franséischer Chanson, eng Inspiratiounsquell fir Nowuestalenter an der neier Zeen.
De Brel soll eis awer net just als formidabele Createur, als iwwerwältegenden Auteur-Compositeur-Interprète an Erënnerung bleiwen, mee virop als generéise Mënsch.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus