Genuddels a Gejiips
Horace Silver, Arild Andersen a Cautious Clay
60 min
Dem Horace Silver seng wuel bekanntsten Nummer ass "Song for my Father", en Hommage u säi Papp an d'Influenz zu senger Zäit a Brasilien. D'Plack mam selwechten Numm aus dem Joer 1965 ass net nëmmen e Manifest vum Hard Bop, mee weist och e Changement an der Band vum Pianist a Komponist op, a béid Formatioune spillen um Album.
Den Arild Andersen bréngt mat "Affirmation" e wonnerbaren Album a beschter ECM-Manéier eraus, an de Joshua Karpeh alias Cautious Clay verwäscht d'Grenzen tëschent produzéierter Musek, Hip-Hop a Live Jazz op eng clever Aart a Weis.
Playlist:
1. Horace Silver - Calcutta Cutie
2. Horace Silver - Lonely Woman
3. Horace Silver - The Kicker
4. Arild Andersen Group - Affirmation pt 1 (One)
5. Arild Andersen Group - Affirmation pt 1 (Three)
6. Arild Andersen Group - Affirmation pt 2 (Seven)
7. Cautious Clay - Fishtown
8. Cautious Clay - The Tide is my Witness
9. Cautious Clay - Blue Lips feat. Julian Lage
10. Cautious Clay - Yesterday’s Price