Retromania
Heinz Erhardt: De Meeschter vum Wuertspill
8 min
Den 20 Februar, de leschten Dënschdeg gouf un dem däitschen Ur-Komiker Heinz Erhardt säin 115. Gebuertsdag geduecht, en Heinz Erhardt deen zu senger Zäit der Komik an Däitschland en Gesicht ginn huet.
Dem Erhardt säin Witz war éierlech a mënschlech, ouni d’Leit z’attackéieren.
En huet mat senger Konscht d’Mënschen an e Spigel mat hire Stäerkten an hire Schwächte kucke gelooss, mam Ziel datt si sech doran sollen erkennen, alles awer am positive Sënn.
Den Humorist huet de Mënschen deenen e Freed gemaach huet, am Fong sech selwer an seng eege Kraaft geschenkt, an dat ass un d’Reserven gaangen, wéi de Heinz Erhardt et spéider selwer huet mussen erliewen.
Den däitschen Komiker Heinz Erhardt ass den 5 Juni 1979 mat 70 Joer un de Suiten vun engem Hirschlag gestuerwen, eng Krankheet déi him dat Wichtegst wat en hat geholl hat. Seng Sprooch!
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus