arrow_back_ios
Aktuelles
Haftstrofe fir Membere vu Spionage-Reseau
Gëschter stoungen a Pole 14 Membere vun engem Spionage-Reseau viru Geriicht, dee sech aus russeschen, belarusseschen an ukrainesche Staatsbierger zesummegesat huet. Si goufe schëlleg gesprach, wéinst Spionage an dem Versuch vu Sabotage, zum Beispill andeems si versicht hunn Zich mat Hëllefsgidder un d‘Entgleisen ze bréngen. Hir Opträg hu si iwwer d‘Applikatioun Telegram kritt, bezuelt goufe si a Kryptowährungen.
Detailer aus Pole vun eisem Korrespondent Adrien Sarlat