Retromania
Glenn Miller: De Papp vum Swing
10 min
“Moonlight Serenade”, ”Chattanooga Choo Choo” oder “String of Pearls” sinn och nach haut grouss Succèse vum amerikanesche Bandleader an Trombonist Glenn Miller, deen den 1. Mäerz 1904, virun 120 Joer deemno, op d’Welt koum. Et war dem Glenn Miller just vergonnt grad emol 40 Joer ze liewen, bis de 15. Dezember 1944, den Dag vu sengem mysteriéisen Doud.
De Glenn Miller gëtt och nach haut de “Papp vum Swing” genannt, a seng Big-Band-Musek huet posthum aus him eng Legend gemaach.
Generatioune vu Leit hunn op dem Glenn Miller seng Melodië gedanzt, an d’Nofro no den Originalenregistrementer vun de gréisste Glenn-Miller-Hits sinn hautdesdaags nach ëmmer riseg. Seng Musek huet hien onstierflech gemaach.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus