Bis 1996 war de Leopold Hager am Ganze 15 Joer laang de Chefdirigent vum OPL. Haut den Owend (21.09.), genee 50 Joer no sengem alleréischte Concert, dirigéiert hien d’Lëtzebuerger Philharmoniker erëm.
Um Programm steet net iergendeppes, mee genee déi selwecht Musek wéi op sengem alleréischte Concert deemools. D'Marie Schockmel huet sech mam haitegen Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnerhalen.