arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Firwat de Stroum trotz Subventioune méi deier gëtt
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Zu Lëtzebuerg ass de Stroumpräis zanter annerhallwem Joer staark staatlech subventionéiert. D'nächst Joer gëtt de staatleche Präisdeckel ëm d'Hallschent reduzéiert, mee soll eisen Informatiounen no nach ëmmer méi wéi 100 Milliounen Euro kaschten. Fir de Client bedeit dat: De Präis pro Kilowatt d'Stonn wäert vun ongeféier 22 Cent op 28 Cent klammen. Ouni staatlech Subventioune wieren et 35 Cent.
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Franck