Schwéierpunkt vum Dag
"Fir den armeeneschen Bergkarabach ass et eriwwer“
Fir d’Armeenier ass d’Situatioun am Krisegebitt Bergkarabach hoffnungslos. Dat ass d’Conclusioun, déi den Armand Back zitt. De Krichsreporter an Tageblatt-Journalist verfollegt de Konflikt tëschent den Armeenier an den Aserbaidschaner an der net unerkannter Republik Berg-Karabach schonn zanter den 90er Joren. Aktuell gëllt zwar nach eng Wafferou, mee dem Armand Back no hunn d’Armeenier de Kampf géint den Aserbaidjan scho laang verluer. Dobäi kënnt, datt vill Armeenier aus dem Bergkarabach elo zeréck an hir Heemecht Armenien wëllen. Schonn elo geet rieds vun Dausende Flüchtlingen, déi vun der armeenescher Regierung opgeholl goufen. Sollt d’Flüchtlingswell weider rullen, kréich dës Kris nach eng aner Dimensioun. Déi international Gemeinschaft misst sech hei amëschen an Drock maachen, esou nach den Armand Back.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder