“Wann néideg, da muss den Energiepräisdeckel fir 2025 verlängert ginn”, esou de Patrick Dury (LCGB). “Mir brauchen eng Verlängerung vun den Deckelen op den Energiepräisser”, seet d'Nora Back (OGBL).
Wa fir 2025 keng staatlech Mesurë méi géife gëllen, da géifen d’Präisser fir Stroum a Gas zum Deel staark klammen, hat et d’lescht Woch vum STATEC geheescht.