Owesconcert
En Trio gëtt zum Quartett
Den Trio con Brio Copenhagen luet de Braatschist Nicholas Algot Swensen op e Concert voller romantescher Kammermusek an. Mat Wierker fir Piano a Sträicher vum Johannes Brahms, Maurice Ravel a Gustav Mahler
Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 19. September 2023, deen an der Queens Hall vun der kinneklecher Bibliothéik zu Kopenhagen opgeholl gouf. Dir kënnt e bis de 17. Mee um www.opus.radio lauschteren.
Um Programm:
Gustav Mahler: Pianosquartett a La mineur
Maurice Ravel: Pianostrio a La mineur
Johannes Brahms: Pianosquartett Nr. 2 a La majeur, op.26
Interpreten
Nicholas Swensen, Braatsch
Trio con Brio Copenhagen:
Soo-Jin Hong, Gei
Soo-Kyung Hong, Cello
Jens Elvekjaer, Piano
Presentéiert vum
- Marie Trussart