Concert Euroradio
Empereur
Festlech engersäits, pastoral anerersäits ass dëse Concert Euroradio mam Gürzenich-Orchester Köln ënner der Leedung vu sengem éischte Gaaschtdirigent Nicholas Collon. Hien dirigéiert vum Ludwig van Beethoven de Pianosconcerto Nr. 5 “Empereur”, mam Rudolf Buchbinder als Solist. Duerno um Programm: Déi zweet Sinfonie vum Johannes Brahms, déi déi ganz Stëmmung vum Komponist senger Vakanz um Wörthersee erëmgëtt.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Piano Nr. 5, op.73 "Empereur"
Johannes Brahms (1833-1897): Sinfonie Nr. 2
Rudolf Buchbinder, Piano
Gürzenich Orchestra Köln
Nicholas Collon, Dirigent