Retromania
Ee vun de renomméiertste Comic-Auteure vun 20 Joerhonner
7 min
Am Oktober dëst Joer koum en neien Asterix eraus, dee 40. Band mam Titel “L’iris blanc”. En Asterix, dee sech awer vun deenen aneren ënnerscheet, en ass modern ginn, an elo gëtt sech bei de Gallier net méi zerklappt, an et gëtt och gesond ze iessen, also keng Wëllschwäi méi fir den Obelix. Wat hätten déi zwee Pappe vum Asterix wuel dozou gesot?
De René Goscinny huet nämlech zesumme mam Zeechner Albert Uderzo den Indianer Oumpah Pah, an, oder virun allem, déi zwee Gallier Asterix an Obelix erschaf.
An domadder ass de Fransous René Goscinny ee vun de renomméiertste Comic-Auteure vun 20 Joerhonnert.
Viru 46 Joer am November 1977 ass de René Goscinny ganz onerwaart zu Paräis am Alter vun nëmmen 51 Joer gestuerwen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus