Presserevue
Editioun 08:15
4 min
“De Klimaschutz rutscht an der politescher Prioritéitelëscht no ënnen”, dat stellt de Sidney Wiltgen am Tageblatt-Editorial fest.
“D’Toleranz an der Diskussioun ëm d’Heescheverbuet feelt”, bedauert den David Thinnes am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort.
D’Ierfschaft vu Blo-Rout-Gréng analyséiert dann de Christoph Bumb am Online-Magasinn Reporter.lu. D’Koalitioun vun DP, LSAP an déi gréng wier 2013 mat groussen Ambitiounen a grousse Verspriechen ugetrueden. Elo géifen déi Wéinegst dëser Koalitioun notraueren. Dobäi hätt se d’Land verännert.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler