Retromania
Edith Piaf: Eng grousse Sängerin awer en ongléckleche Mënsch
E ganzt Liewe laang op der Sich no der grousser Léift, dat passt ouni Zweiwel op d’Edith Piaf.
Et gëtt wuel keng Sängerin, Chansonchreiwerin, Actrice, jee, global Kënschtlerin, bei där Gléck an Ongléck esou no beienee louche wéi bei der Edith Piaf.
Et gëtt kaum e Mënsch, deen esou e mouvementéiert Liewen hat, wéi d’Môme. E Liewen, dat virun allem vu Männer dominéiert gouf, Männer, déi awer fir si dacks net gutt waren. Ausser de Marcel Cerdan, eng Romanz, déi duerch e Fligeraccident zerstéiert gouf.
De Jean Claude Majerus erënnert un dës aussergewéinlech Sängerin mat engem extreem ongléckleche Liewen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus