Concert
E jonke franséischen Cellist zu Tokio
D’Cellosonate vum Francis Poulenc a vum Frédéric Chopin grad wéi och dem Franz Schubert seng berüümten "Arpeggione Sonat" stinn um Programm vun engem Recital, deen de franséischen Cellist Bruno Delepelaire, Solocellist vun de Berliner Philharmoniker an de Pianist Nathanael Gouin zu Tokio ginn hunn.
Dëse Concert gouf den 8. Mäerz 2023 an der Hamarikyu Asahi Hall zu Tokio opgeholl, a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt de Concert nach bis de 15. Abrëll 2024 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Um Programm:
Franz Schubert: Sonate D. 821 (Arpeggione)
Francis Poulenc: Sonate pour violoncelle et piano FP 143
Frédéric Chopin: Cellosonat, op.65
Camille Saint-Saëns: Le Cygne (Le Carnaval des animaux)
Interpreten:
Bruno Delepelaire, Cello
Nathanaël Gouin, Piano
Presentéiert vum
- Remy Franck