Tëschent dem 5. a 7. Oktober kann een zu Iechternach a kuerzer Zäit en Iwwerbléck vun der Lëtzebuergescher Klassikzeen kréien. Wärend dem Echter'Classic Festival sinn néng Opféierungen op verschiddene Plazen geplangt - aacht dovu gi vun Artistinnen an Artisten aus Lëtzebuerg assuréiert. Dat kënnt net vun ongeféier, wéi de Maxime Bender, Direkter vum Trifolion zu Iechternach am Interview beim Luc Boentges verréit. Zesumme mam Exportbüro KulturLX déngt dëse Festival nämlech och als Plattform, déi Lëtzebuergesch Produktiounen engem internationale Publikum vu Professionellen aus dem Secteur ze presentéieren.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
E Festival mat internationaler Ausstralung
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges