Song vum Dag
Dusty Springfield - Spooky
9 min
D’Dusty Springfield, gebuer Mary Isobel Catherine Bernadette O'Brien, op engem 16. Abrëll 1939, wier haut 85 ginn. Mat hirem gehaltvolle Mezzo-Sopran huet si an de 60er a 70er Jore blue-eyed Soul, Pop a franséisch Chanson erausbruecht, déi besonnesch sënnlech arrangéiert waren. Op hirem Héichpunkt an den 1960er Jore war si ënner deene prominentste brittesche Sängerinnen op béide Säite vum Atlantik, a mat hire blondéierte Beiestackfrisuren, heftegem Maskara, enken Oweskleeder a stiliséiertem Optrieden och eng vun de Stilikone vun de Swinging Sixties.
Presentéiert vum
- Marc Clement