Sot Emol
Dominique Santana: Konscht a Geschicht
Wann een zwee Begrëffer misst fir de "Sot emol“ dës Kéier als Iwwerschrëft schreiwen, da wier een tentéiert "Konscht a Geschicht“ ze huelen. D‘Invitée ass d'Dominique Santana a si ass Historikerin a Cineastin.
Si huet Geschicht op der ULB zu Bréissel an op der Humbold Universitéit zu Berlin studéiert a weider Studien op der Uni Lëtzebuerg an der Uni vu Sao Paulo gemaach.
An eis Antenn ass der Dominique Satana och net friem, well si scho Chronike fir de radio 100,7 gemaach huet. Fir de Volet Cineastin kann een dee Film ervirhiewen, iwwer dee sécher Rieds geet: "A Colônia Luxemburguesa“.
Aktuell schafft Dominique Santana un engem Projet iwwer Radio Lëtzebuerg.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus