Déi nei Saison vum INECC huet viru Kuerzem ugefaangen a besteet net nëmmen aus Concerten, déi ee ka kucken a lauschtere goen. Beim INECC kann een nämlech och selwer matmaachen, wann ee gäre séngt!
Den Arend Herold, Direkter vum INECC, huet dem Marie Trussart verroden, firwat den INECC steet a bei wéi engen Atelieren an Ensembelen een déi Freed um Sangen ausliewe kann.