E Museksfestival am Éislek mat laanger Traditioun:
De Samschdeg, den 23. Mäerz fänkt an der Kierch zu Nidderwolz d’Editioun 2024 vum Klenge Maarnecher Festival un. E kompakte Brass-Festival mat dräi Concerten a siwe weider Manifestatioune sti bis den 3. Mee um Programm.
De Guy Engels huet sech mam Laurent Lemaire, ee vun de Responsabele fir d’Programmatioun, iwwer de Klenge Maarnicher Festival 2024 ënnerhalen.