Song vum Dag
David Nance & Mowed Sound - Tumbleweed
8 min
“Tumbleweed” ass den Titel vun eisem Song vum Dag, op däitsch Seppenhexe oder Steppenläufer. Dat ass eng Planz, déi an der Stepp wiisst, an zu enger Joreszäit ee Stéck vu sech lassléisst, dat dann als Kraut-Bull vum Wand iwwer de platte Buedem geblose gëtt. Am urbanen Dictionnaire fënnt een “Tumbleweed” als Ausdrock fir ee peinleche Moment ze iwwerspillen, oder als Commentaire zu engem Witz, deen net witzeg ass. Firwat huet den David Nance wuel grad dësen Titel gewielt fir seng neiste Single? De Marc Clement konnt net anescht, wéi der Saach op de Grond ze goen.
Presentéiert vum
- Marc Clement