Concert Euroradio
D'Wiener Philharmoniker spillen um George Enescu Festival
E Concert voller rauer Energie a rustikaalt Temperament aus der mährescher Volleksmusek. Mat Suitte vum Leoš Janáček a vum George Enescu an dat ënner der Baguette vum Jakub Hrůša.
Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 11. September 2023 aus der Grousser Hal vum Palast zu Bucharest. Dir kënnt de Concert bis de 8. Mee 2024 um www.opus.radio nolauschteren.
Um Programm:
Leoš Janáček (1854-1928) - Suite from ´The Cunning Little Vixen´
George Enescu (1881-1955) - Suite No.1 for Orchestra, op.9
Serge Rachmaninov (1873-1943) - Symphonic Dances, op.45
Johann Strauss (II) (1825-1899) - Auf der Jagd, polka schnell, op.373 (encore)
Interpreten
Wiener Philharmoniker
Jakub Hrůša, Direktioun
Presentéiert vum
- Marie Trussart