Déi fréier DP-Generalsekretärin an EU-Deputéiert Colette Flesch huet sech am 100,7-Interview besuergt gewisen iwwer d’Tendenzen an eisen Nopeschlänner Frankräich an Däitschland. Lëtzebuerg géif et nëmme gutt goen, wann eis Nopeschlänner sech gutt verdroen. Trotzdeem géif dat nach keen Aus fir Europa bedeiten, sou nach d’Colette Flesch. Si wier nach net sou pessimistesch gestëmmt, well et jo net an alle Länner dës riets Tendenze gëtt.
Och d’CSV-Politikerin a fréier EU-Deputéiert Viviane Reding huet sech besuergt iwwer d’Tendezen a Frankräich an Däitschland gewisen. D’Neiwalen a Frankräich gesäit si als “krokeleg”. Et géif sou ausgesinn, wéi wann et an Zukunft keng gutt Geschlechtsméiglechkeeten tëschent eisen Nopeschlänner géif ginn. Trotzdeem huet si sech och zefridden doriwwer gewisen, datt d’EVP den Prognosen no schéngt bäizegewannen. Mee d’EVP bräicht Koalitiounspartner, an do géifen nëmmen d’Sozialisten, déi Liberal an déi Gréng - also nëmme pro-europäesch Parteien – a Fro kommen, sou nach d’Viviane Reding.