Retromania
Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker
13 min
Et war e Schock, et war kollektiv Trauer, et war awer och d’Gebuertsstonn vun engem Mythos. Den 11. Mäerz 1978, nomëttes um 4 Auer, gouf bal op alle franséischen Televisiounschaînen a Radiostatiounen de Programm ënnerbrach mat der traureger Nouvelle: De Claude François ass dout. Mat him ass deemools ee vun de populäerste franséische Chansonnieren an Entertainer verschwonnen.
Mee de Cloclo ass nach ëmmer present, seng Musek gëtt nach ëmmer an Discoen oder Familljefester gespillt, a jiddweree kann d’Lidder matsangen. Dës Woch, en Donneschdeg, éischte Februar, hätt de Claude François 85 Joer kritt.
Wéi wäit wier de Claude François wuel nach komm, wier hien net 39 Joer jonk gestuerwen? Aus dem Cloclo gouf op alle Fall duerch deen Accident a senger Buedzëmmer zu Paräis eng Legend.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus