Retromania
Christoph Hein: Dee scheien a rougen Auteur
8 min
Deen däitsche Schrëftsteller Christoph Hein gehéiert zu de wichtegen däitschsproochegen Auteure vun eiser Zäit.
De Christoph Hein, Fils vun engem Paschtouer, ass zu West-Berlin an d’Schoul gaangen, huet nom Mauerbau 1961 awer de Choix geholl an der DDR ze bleiwen a lieft hautdesdaags als Romanauteur an Dramatiker nach ëmmer zu Berlin.
A senge Bicher wéi “Drachenblut”, “Horns Ende” oder “Der Tangospieler” huet den Hein sech intensiv mat der DDR auserneegesat.
De Christoph Hein huet mat sengem Wierk iwwer en halleft Joerhonnert däitsch-däitsch Geschicht als Chronist suivéiert a kommentéiert. Hie feiert haut (8.4.) op den Dag säi 80 Anniversaire.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus