Den Hallwer Néng
Chrëschtdag an Demenz
24 min
Enger Estimatioun vun 2018 no ginn et eng 7.500 Mënschen zu Lëtzebuerg, déi un enger Demenz erkrankt sinn, dat si ronn 1,25 Prozent vun der Populatioun. Déi Zuel wäert nach an den nächste Joren an d'Luucht goen.
Mir steiere jo op d’Feierdeeg vu Joresenn duer, an do stellt sech d'Fro, wéi dat ass, mat engem demenzkranke Mënsch als Beispill Chrëschtdag ze feieren. Eng Fro iwwer déi den Info-Zenter Demenz sech Gedanke gemaach huet, an doriwwer schwätzt de Jean Claude Majerus mat der Christine Mathonet, Chargée de Direction vum Info-Zenter Demenz.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus