A Groussbritannien huet de Regierungschef Rishi Sunak verschidden Engagementer a Saache Klimaschutz nees réckgängeg gemaach an zum Beispill den Enn vum Diesel-Motor op méi spéit verluecht.
Sondagen awer weisen, datt vill Leit op der Insel sech méi Aktioune vun hirer Regierung wënschen, fir géint de Klimawandel virzegoen. Plazeweis gi si selwer aktiv - wéi eis Korrespondentin Marie Billon erausfonnt huet.