Retromania
Billy Joel: "The Piano Man"
10 min
De Piano-Man ass lues awer sécher an de Pensiounsalter.
A wann ee Piano-Man seet da kann och just vun engem riets goen, vum Billy Joel.
De amerikaneschen Sänger, Pianist a Songwriter Billy Joel huet de 9 Mee, fir gëschter 75 Joer kritt.
An senger iwwer 50 Joer laanger Karriär huet de Billy Joel eng Abezuel Lidder geschriwwen an och selwer gesongen, an eng ganz Partie vun de Songs sinn um Enn och an Museksgeschicht agaangen.
An de Billy Joel ass och nach ëmmer do, an dat och ganz aktuell, mat enger fusch-neier Single.
Zanter iwwer 50 Joer ass de Billy Joel scho musikalesch ënnerwee a mat iwwer 160 Millioune verkafte Placken ass hien sécher ee vun de Museker mam gréisste Succès vun allen Zäiten. 1999 ass e Member vun der Rock’n’Roll Hall of Fame ginn an den amerikanesche Museksmagasin “Rolling Stone” huet de Billy Joel 2015 op Plaz 50 vun de 100 gréisste Songwriter vun allen Zäite gesat.
De Jean Claude Majerus proposéiert iech haut am Retromania nach emol e klengen Tour duerch d’Karriär vum Piano Man
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus