Retromania
Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch
8 min
Den Numm Anne Frank dierften déi meescht vun eis wuel kennen, en Numm, dee bal zu engem Symbol fir den Iwwerliewenswëlle vum eenzele Mënsch ginn ass.
D’Anne Frank hat schonn als klengt Meedche vun engem Liewen als Schrëftstellerin gedreemt, an um Enn, net fräiwëlleg, gouf et och eng Schrëftstellerin.
D’Anne Frank huet wuel dat bekanntsten Tagebuch aus der ganzer Literaturgeschicht geschriwwen.
D’Gedanke vun deem jonke jiddesche Meedchen hunn d’Welt gerëselt, mee wéi dat rout-wäisst karéiert Buch publizéiert gouf, war d’Anne Frank schonn dout.
Ufanks Mäerz 1945 ass d’Anne Frank, eréischt 15 Joer jonk, am Konzentratiounslager Bergen-Belsen un Typhus gestuerwen, grad emol e puer Woche virun der Liberatioun duerch déi alliéiert Truppen.
Den 12. Juni hätt d’Anne Frank 95 Joer kritt, dofir gëtt dëser Deeg un der Anne Frank hire 95. Anniversaire geduecht, besonnesch wann ee ronderëm kuckt, wat aktuell op der Welt geschitt a wéi Rietspopulisten a Rietsradikaler sech méi a méi profiléieren. Op ville Plazen op der Welt gëtt un dëst remarkabelt jonkt Meedchen zeréckgeduecht.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus