Huet een e Buch gelies, stellt sech dacks d’Fro, wat dann elo domat maachen. Behalen? Engem an der Famill, engem Frënd oder Bekannte ginn, fir datt deen et och liese kann? Et verschenke fir Aneren eng Freed ze maachen ... oder et entsuergen, wat eigentlech Schued wier.
Et kann ee säi Buch, seng Bicher awer och dem Lënster Bicherclub Luxemburgensia schenken, deen domat weess eppes unzefänken. Hire President erkläert.