Retromania
Aly Bintz: "E léiwe Männchen"
12 min
Den 1. November 2004 war en Dag, wou d’Lëtzebuerger Bünen an Trauer waren, deen Dag koum d’Nouvelle, datt de Sänger, Entertainer an Acteur Aly Bintz gestuerwen ass.
Den Aly Bintz huet all seng Aktivitéite vum Theater, iwwer Musek bis bei d’Filmaarbecht immens gäre gemaach, an och an de leschte Joren, wou d’Gesondheet net méi esou matgespillt huet, huet et en awer nach am Bauch gekribbelt, wann en eng Bün gesinn huet. Wéi sot hie gären: “Wann ech d’Bün gesinn, da rifft se mech”.
Den Aly Bintz ass den 1. November 2004 am Alter vu 75 Joer gestuerwen an domat huet op Allerhellegen deemools ee vun de ganz groussen der Lëtzebuerger Bün fir ëmmer Äddi. Mee an eiser Erënnerung bleiwen den Aly an natierlech och d’Micky Bintz awer erhalen. A ganz sécher kann een och bal 20 Joer no sengem Doud am Sënn vum Aly Bintz soen “The Show must go on”, an dat wier ouni Zweiwel och nach haut dem Aly Bintz senge Meenung.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus