Retromania
Abba: 50 Joer Victoire beim Eurovision Song Contest
11 min
De 7. Mee gëtt et spannend, dann ass Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer Absence nees op der grousser Bün vum Eurovision Song Contest mat derbäi.
Ronderëm den ESC oder de Grand Prix d’Eurovision de la chanson ginn awer ganz vill Geschichten, schliisslech war Lëtzebuerg vun der éischter Editioun vum ESC un am Joer 1956 bis 1993 derbäi.
Eng Geschicht geet zeréck op de 6 Abrëll 1974, do huet déi schwedesch Pop-Grupp ABBA am englesche Brighton de "Grand Prix d’Eurovision de la Chanson" mam Titel "Waterloo" gewonn.
Wat dat mat der Lëtzebuerger ESC-Geschicht ze dinn huet, seet de Jean Claude Majerus Iech a sengem Retromnania.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus