Retromania
2 CV: Eng Liewensphilosopie
10 min
Wann ee vu legendären Autoe schwätzt, déi all e gewësse Kultstatus kruten, da kommen eng Gefierer an de Kapp wéi eng R4, eng Citroën DS, de Fiat Cinquecento, de Mini, de Bulli an natierlech de VW Käfer. Elo denkt Dir sécher: “Ma do feelt dach e ganz populären Auto. Richteg: nämlech d’Deux Chevaux vu Citroën. Viru 75 Joer gouf um Paräisser Autosalon déi éischt “Döschewo” presentéiert, an d’Joer drop gouf Produktioun definitiv lancéiert.
An dee charmanten Auto ass bis haut bei Grouss a Kleng, Jonk an Al, beléift. Et gi schonn zimmlech zolidd Präisser fir eng restauréiert 2 CV op den Dësch geluecht.
D’2 CV spigelt am Ausland eng Grëtz d’Bild vun der France classique erëm, grad wéi d’Baguette oder den Eiffeltuerm. D’2 CV steet fir Fräiheet, franséische Charme, Nonkonformismus an Aventure.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus