Dagdeeglech
105. Doudesdag vum Dominique Lang
2 min
De Lëtzebuerger impressionistesche Moler Dominique Lang koum de 15. Abrëll 1874 zu Diddeleng op d‘Welt. No senge Studien huet hien e Fotostudio opgemaach, war Zeecheproff am Meedercherslycée an an der Industrieschoul zu Esch. Vill vu senge Biller ginn et hautdesdaags op verschiddene Plazen ze gesinn, esou z. B. an der Parkierch St. Martin zu Diddeleng, der Parkierch zu Jonglënster oder am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad Lëtzebuerg. Den Dominique Lang ass den 22. Juni 1919 am Alter vu 45 Joer verstuerwen.