Europa géint d'Risen aus der digitaler Welt 19.12.2020 - 07h20 An der Europachronik geet et ëm eng Zort Chrëschtdagsmärchen.
Däitsch EU-Présidence: De Bilan ass gemëscht 18.12.2020 - 07h20 Et gouf grouss Erwaardungen un déi däitsch EU-Presidence. Huet Däitschland se erfëllt, ass een an de wichtegen Dossieren virukomm am leschten hallwe Joer?
EU-Startschoss fir den Covid-Impfstoff: Wéini geet et lass? 17.12.2020 - 07h20 Deen éischten Covid-Impfstoff kéint déi nächst Woch an der EU zougelooss ginn. Déi 27 Länner sollen mateneen ufänke mat impfen. Wéi soll dat klappen?
Daniel Hegedus: "EU gouf politesch erpresst" 16.12.2020 - 07h20 De Kompromëss, deen d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer den Europäesche Budget ausgehandelt hunn, suergt weider fir Diskussiounen.
Frontalieren am Chômage: aner Länner, aner Rechter 15.12.2020 - 07h20 Wann ee Frontalier hei am Land seng Aarbecht verléiert, da muss hie Chômage bei sech doheem ufroen - och wann hien hei cotiséiert a Steiere bezuelt huet.
Frankräich mécht Drock: Europaparlament soll zeréck op Stroosbuerg 14.12.2020 - 07h20 De President vum EU-Parlament, den David Sassoli, reest eleng op Stroossbuerg, fir do d'Sessioun vum Dezember opzemaachen. Et ass ee symboleschen Akt.
Iwwerraschung vum leschte Sommet 12.12.2020 - 07h20 No engem Verhandlungs-Marathon um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen hunn Ungarn a Polen de Réckgang ageluecht an hire Veto géint de Budget annuléiert.
Keen Accord iwwer d'Koordinatioun vu Sécurité Sociale Systemer 10.12.2020 - 07h20 An de Verhandlungen iwwer d'Koordinatioun vu Securité-Sociale-Systemer an der EU ass ee sech méi no komm. Een Accord gëtt et awer net.
Nordmazedonien an d'EU: Bulgarien bleift bei sengem Veto 09.12.2020 - 07h20 Ass "mazedonesch" eng eege Sprooch oder ee bulgareschen Dialekt? Déi Fro bestëmmt den Ament, ob d'EU Bäitrëttsverhandlungen mat Nordmazedonien ufänkt.
EU wëll méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virgoen 08.12.2020 - 07h20 Zwee Deeg vrum Internationalen Mënscherechtsdag ass sech d'EU iwwert een neie Sanktiounsmechanismus eens ginn. E soll dofir suergen, méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virzegoen.
D'Recht fir net méi un d'Aarbecht ze denken 07.12.2020 - 07h20 Muss ee Salarié nonstop iwwer Handy, Tablett oder Computer fir seng Firma erreechbar sinn oder huet en e Recht op ofschalten? Niewend der EU diskutéiert och Lëtzebuerg iwwert de Sujet.
Europa Aktuell 05.12.2020 - 07h20 Vun enger "Lockdown-Sexparty" ass déi lescht Woch zu Bréissel Rieds gaang, mat am Zentrum engem ungareschen Deputéierten. Den Olivier Hanrion kënnt drop zréck.
Impfstoff Biontech: 1:0 fir Groussbritannien 04.12.2020 - 07h20 Groussbritannien huet d'Nues vir: Schonn an den nächsten Deeg sollen déi éischt Leit géint Covid-19 geimpft ginn. Firwat dauert et an der EU méi laang?
Wantersport: EU hält sech zeréck mat kloren Uweisungen 03.12.2020 - 07h20 Op een an de Wantersport reese kann oder net, bleift d'Decisioun vun den EU-Länner. D'EU-Kommissioun gëtt awer keng Entwarnung, wat d'Ophiewe vu Restriktiounen ugeet.
Europa-Interview: Den Europadeputéierten Daniel Freund 02.12.2020 - 07h20 Wat maachen Ex-EU-Kommissären haut berufflech? Den EU-Deputéierten huet eng Lëscht gemaach an erausfonnt, datt et eventuell zu Interessekonflikter komme kéint.
Schengen-Zon: Méi oder manner Kontrollen? 01.12.2020 - 07h20 Corona-Pandemie oder Terrorismus: An der Schengen-Zon hun an de leschte Joren déi intern Kontrollen op de Grenzen enorm zougeholl. Dat stéisst op Kritik.
Surchauffe bei de Kläranlagen 30.11.2020 - 07h20 D'Gemenge kennen hir Kläranlagen net méi finanzéieren, well se wéinst der Pandemie finanziell ënner Drock sinn an duerch en Iwwerhëtzen d'Präisser explodéiert wieren.
Europa Aktuell 28.11.2020 - 07h20 An eppes méi wéi 30 Deeg verloossen d'Britten definitiv d'EU. Mee wéi déi Sortie genee soll ausgesinn ass nach onkloer.
Brexit: Kënnt et nach zu engem Accord? 27.11.2020 - 07h20 Zanter ufanks des Joers verhandelt d'EU mat Groussbritannien iwwer ee Fräihandelsaccord. D'Zäit gëtt esou lues knapps. Wéi stinn d'Chancen fir nach een Accord ze fannen?
Gender-Diskussiounen an der EU 26.11.2020 - 07h20 D'EU ass sech net ëmmer eens, wann et drëms geet, wéi ee soll fir méi Chancëgläichheet suergen. Dat hu gëschter verschidden Debaten am Europaparlament gewisen.