Net verpassen
18.1. E-lodie Sessions live am Studio 8 - Dankwart
Bei senger E-Lodie Session den Owend viru Publikum proposéiert de Sam Erpelding eng Interpretatioun vun "Domhan Cùis", eng Evolutioun vun der Aarbecht um Album. Et gëtt danzbar a bësse schamanistesch.
Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?
Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
17.1. Jukka-Pekka Saraste - Live aus der Philharmonie
De radio 100,7 iwwerdréit de Concert dëse Freideg Owend um 20:00 live aus der Philharmonie.
Den Infirmiers-Beruff: Richtung international Penurie?
Fir datt de Gesondheetssystem funktionéiert ass Lëtzebuerg op d'Hëllef vun auslänneschem Fleegepersonal ugewisen.
Wäiss a Schwaarz mam Jean Muller
Um Programm stinn dem Bach säi sechsstëmmege Ricercar aus dem Musikaleschen Affer an dem Beethoven seng Sonat Nr. 32, Opus 111.
Riicht eraus mam Henri Grethen
Zwielef Joer laang war den Henri Grethen de Lëtzebuerger Member beim Europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg: Dëse Sonndeg ass de fréieren DP-Politiker den Invité an eiser Emissioun "Riicht eraus".