Wëssen

Schnëssen-Applikatioun
Sproochfuerschung

Wéi gëtt zu Lëtzebuerg geschwat a wou sinn déi ënnerschiddlech Variatiounen am Lëtzebuergeschen ze fannen? "Schnëssen" ass eng Applikatioun, déi d'Lëtzebuerger Sprooch an all hire Facetten erfuerscht.

Denis Scuto Meenung
Zäithistoriker

Am Mee ginn 200 Joer Karl Marx a 50 Joer Mee 68 gefeiert. Den Zäithistoriker geet op den Denker, op d'Revolt an op Zesummenhäng tëscht hinnen an. Och haut gëtt et nach Elementer vu sengem Wierk, déi relevant sinn.

Better Future Factory
Hollännesch Staatsvisitt

Bei der Staatsvisitt vum hollännesche Kinnek ass och eng Wirtschaftsdelegatioun dobäi, déi sech op d'Kreeslafwirtschaft spezialiséiert huet. Holland wëll nämlech seng ganz Ekonomie dorop ëmstellen.

Illustratioun Zäithisto Braisilien Sklaven
Zäithistorikerin

Den 13. Mee 1888 gouf a Brasilien d'Lei Aurea, op lëtzebuergesch dat Gëllent Gesetz, ënnerschriwwen. Domat gouf der Sklaverei um ganzen amerikanesche Kontinent en Enn gesat. Reflexiounen vun der Zäthistorikerin Dominique Santana.

Thierry Simonelli
1968

D'Zil vun dëse politesche Wunngemeinschaften war et, d'Theorie vun der Revolutioun an d'Praxis ze iwwerféieren. Net duerch eng Verännerung vum Staat a vun der Ekonomie, mee duerch d'Revolutionéiere vun der Famill.

Sexuell an affektiv Gesondheet
Sexualitéit

D'sexuell-geschlechtlech Vilfalt ass en transversaalt Thema. Den CESAS soll Informatiouns- a Sensibilisatiounsaarbecht zu affektiver a sexueller Gesondheet leeschten an en Netzwierk vun Acteure schafen.

Lydie Konsbrück.JPG
Invitée am Moies-Magazin

De Réseau Psy hëlleft zanter 30 Joer Mënschen, déi psychesch krank sinn. D'Lydie Konsbruck gëtt Detailer iwwer d'Aarbecht an dëser oppener Struktur an d'Festivitéiten de 17. an 18. Mee.

Olivier Frank
Invité am Moies-Magazin

15 Joer schonn existéiert den Institut Pierre Werner. Wouraus huet e sech entwéckelt, wat ass de Geescht bannent dësem Institut, a wou soll et higoen? Äntwerte gëtt den Direkter Olivier Frank.

Kontroll vu Chemiewaffen
International

Den Asaz vu chemesche Waffen ass zanter 1997 vëlkerrechtlech verbueden, mee et ginn awer nach ëmmer Attacken. Et ass dacks schwiereg festzestellen, wien hannert enger Attack stécht.

Frédéric Humbel
Invité am Moies-Magazin

De Minettpark huet den 1. Mee d'Saison nees ugefaangen. Minettpark, dat ass e Fräiliichtmusée, dee Lëtzebuerger Geschicht - besonnesch vun der Aarbecht an de Minnen - lieweg ze erhale weess.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen