Wëssen

Laurent Moyse Meenung
Industriepolitik

D'Entscheedung vu Knauf, eng Steewollfabrick a Frankräich ze bauen, huet zu Lëtzebuerg d'Gemidder erhëtzt. Solle mir eis mat enger Bréifkëschtwirtschaft zefridde ginn oder solle mir fortkucken, wa Fabricken eist Land virun Ëmweltproblemer stellen?

Stuerm Blëtzer
Natur an Ëmwelt

Dat ass déi klassesch Fro, déi ëmmer erëm gestallt gëtt, wann d'Wieder verréckt spillt. De Jürgen Junk vum LIST an d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt beäntwerten déi Fro mat engem klore Jo.

Eichenprozessionsspinner
Schiedlech Insekten

Dëst Joer ginn et relativ vill Beem, déi vum Eichenprozessionsspinner befall sinn. Dat seet d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung. Dës Päiperleksaart ka beim Mënsch allergesch Reaktiounen ausléisen.

Sven Hannawald
Invité am Moies-Magazin

Den Héichleeschtungssportler a Weltklassschisprénger Sven Hannawald ass um Top-Niveau vu senger Carrière an e Burn Out gefall an ass awer mat vill Méi nees am normale Liewe gelant.

Ramadan
Relioun a Glaawen

De Ramadan ass den hellege Mount am Islam, bannent deem Mosleme faaschte sollen. Zu Lëtzebuerg liewen eng geschaten 20.000 Moslemen. E puer Dausend dovunner faaschten, dorënner och de Mondher Labidi.

Jan Herr a Laurent Schley Säugetiere Luxemburgs
Invité am Moies-Magazin

"Säugetiere Luxemburgs" heescht dat neit Buch wat vun der Naturverwaltung an Zesummenaarbecht mat Natur an Ëmwelt an dem Ëmweltministère vun de Biologen Jan Herr a Laurent Schley réaliséiert an elo publizéiert gouf.

Thierry Simonelli
68-Beweegung

Wat bleift vun 68 a wéi ass et no 68 weidergaangen? Wéi global war de Phenomen 68, och op der anerer Säit vun der Mauer an den Entwécklungslänner? Op déi Froen e puer Äntwerte vum Thierry Simonelli.

VW Fabrick Russland-02462.JPG
International Wirtschaft

D'Relatiounen tëscht Russland an der EU sinn ugespaant. Zanter iwwer véier Joer si Wirtschaftssanktiounen a Kraaft. Trotzdeem sinn nach ëmmer vill europäesch Entreprisen a Russland aktiv.

Pauly Gaasch Garcia
1968

Déi sozial Beweegungen, déi an der Suite vun 1968 entstane sinn, hu vill vun hiren Ziler net erreecht. De Michel Pauly, d'Danny Gaasch an de Robert Garcia kucken zréck op hiren Engagement.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen