Wëssen

Bei op Blumm
Natur an Ëmwelt

No zwee méi schlechte Jore gouf et 2018 wéineg Verloscht beim Hunneg, deelweis war den Ertrag esouguer iwwerduerchschnëttlech. Et hätt een anescht wéi an der Vergaangenheet keng grouss Verloschter gehat.

Hond am Auto
Déiereschutz

All Joer stierwen Déieren, well si op engem waarmen Dag eleng am Auto gelooss goufen. De Sacha André vum Schëfflenger Déiereschutzveräin erkläert, wéi ee reagéiere soll, wann een en Hond op engem waarmen Dag eleng am Auto gesäit.

Denis Scuto
Zäithistoriker

Wat wier dat schéin, wa mir eis tatsächlech géifen intresséiere fir dat wat fréier wierklech geschitt ass! Amplaz vun den Historiker ze erwaarden, datt si eis bestätegen, datt eis Virfaren op der Säit vun de Gudde stoungen.

Zocker
Iessen a Gesondheet

Experte si sech eens: Zocker ass ongesond. Ass eng Zockertax dofir sënnvoll? Eng international Etüd mat Lëtzebuerger Participatioun ass där Fro nogaangen - an ass dofir an de südamerikanesche Chile gefuer.

Marc Parries
Ecoparc Wandhaff

An der Industriezon Ecoparc Wandhaff solle Mënsch, Ëmwelt an Ekonomie verbonne ginn. Nieft grousse Firmen héiert ee hei Villercher päifen. Dat nodeems d'Industriezon virun dräi Joer reamenagéiert gouf.

Ramallah July 2018
Net-Regierungsaarbecht

D'Noga huet fir hir Masteraarbecht ee Mount am Westjordanland verbruecht. Si ass an Israel gebuer, ass awer gréisstendeels an England opgewuess. D'Fanny Kinsch huet d'Noga an engem Park zu London getraff.

old school radio
Medium Radio

Radiowelle kenne keng Grenzen. Ob fir Propaganda, Resistenz, Solidaritéit oder einfach nëmmen fir d'Distraktioun - de Medium Radio ass a senger Geschicht dacks fir déi verschidden Zwecker transnational agesat ginn.

Illustratioun Total Aarbecht
Gesellschaft

Ee Lëtzebuerger verbréngt am Duerchschnëtt 80.000 Stonnen op der Aarbecht. Mee wa mir just nach schaffen, verpasse mir alles, wat eisem Liewen ee Sënn gëtt, mengt de Joshi Gottlieb.

Illustratioun Zweete Weltkrich
Zweete Weltkrich

Geschichtsstudente vun der Tréierer Uni wëllen zesumme mat Lëtzebuerger d'NS-Vergaangenheet opschaffen. En éischte konkrete Projet ass en Erënnerungsatlas vun der Groussregioun an deem Commemoratiounsplazen agedroe sinn.

Anne Heniqui Meenung
Fräie Mikro

D'Scheedungsreform, déi de leschte Mount an der Chamber gestëmmt gouf, laut e Paradigmewiessel an. D'Fro steet am Raum, ob d'Gesellschaft prett ass, hir Vue op d'Famill an d'Roll vum Kand ze veränneren.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen