Eng Plaz fir Exoten
Duerch dat mëllt Klima an der Muselregioun kënnen hei Planzen a Blumme wuessen, deenen et soss op anere Plazen am Land ze kal ass. Eng Féierung duerch de Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng.
Duerch dat mëllt Klima an der Muselregioun kënnen hei Planzen a Blumme wuessen, deenen et soss op anere Plazen am Land ze kal ass. Eng Féierung duerch de Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng.
Sexuell iwwerdroen Infektiounen huelen zu Lëtzebuerg erëm zou. Fir doriwwer opzeklären huet de Gesondheetsministère eng nei Campagne lancéiert. "Ne jouez pas avec votre santé" soll d'Leit opklären.
Lëtzebuerger, déi an d'Ausland verreesen, kënnen hiren Deplacement iwwer Internet beim Ausseministère umellen. Esou kéint konsularesch Assistenz méi séier a méi effikass geleescht ginn.
Mikro-Prête sollen de Betraffenen d'Méiglechkeet ginn, hir Aktivitéit zum Beispill ze erweideren an doduerch hir Liewensverhältnisser ze verbesseren. Dat seet d'Laura Foschi, déi nei Direktesch vun der ADA.
Dëse Weekend ass déi sougenannt Perseidennuecht. Déi versprécht, datt mir aus eiser Géigend a bei gënschtege meteorologesche Konditiounen e richtegen Perseideree kënne gesinn.
Digital Inclusion setzt sech dofir an, datt Flüchtlingen digitalen Accès kréien. Si hëlleft deene Leit, déi et sech soss net leeschte kéinten, e Computer ze kréien a bitt Computercoursen un.
Lëtzebuerg war schonn ëmmer e grousst Béierland. De Konsum ass iwwer d'Jore relativ stabel bliwwen, mee d'Drénkgewunnechten hu sech geännert, seet de Mathias Lentz vun der Confédération des Brasseries et des Brasseurs.
Contraceptioun gëtt elo bis den 30. Gebuertsdag vun enger Fra zu 80% vun der Gesondheetskeess rembourséiert. Eng Revendicatioun, déi de Planning Familial scho laang gefrot huet. D'Ainhoa Achutegui ass Invitée am Moies-Magazin.
Diktaturen operéieren an der Geschicht mat Negatioun a Fälschung. Demokratien detournéieren d'Geschicht op eng aner Aart a Weis. Genee esou, wéi och Lëtzebuerg et mam Zweete Weltkrich gemaach huet, seet den Denis Scuto.
D'Myriam an de Florian Weber hunn de Schofbetrib viru sechs Joer iwwerholl. Zënterhier hu si net vill Zäit fir Privates a Famill. Mir hunn een Dag laang an déi lescht Wanderschéiferei hei am Land eragekuckt.
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen