Wëssen

Thierry Bosman an Ursula Rosen
Intergeschlechtlechkeet

Intergeschlechtlech Mënsche kënne biologesch kengem binäre Geschlecht zougeuerdent ginn. Mir hu mat enger intergeschlechtlecher Persoun an enger Mamm vun enger intergeschlechtlecher Persoun geschwat.

Denis Scuto
Zäithistoriker

Den Historiker Denis Scuto erënnert un d'Affär vum Löschenhaus vun der Iechternacher Abtei an den 1970er Joren.

Cigalon
Mëllerdall

Vill Wanderweeër an der Regioun waren zerstéiert an Haiser iwwerschwemmt ginn. Ee Joer méi spéit schéngt een iwwer de Bierg ze sinn, et gëtt awer nach vill ze dinn. E Reportage vum Stephan Polet.

Michel Serres
Philosophie

De franséische Philosoph Michel Serres, Vermëttler tëschent den akademeschen Disziplinnen, ass de leschte Weekend am Alter vun 88 Joer gestuerwen. De Michel Delage mat engem Portrait vun dësem populären Denker.

Verantwortung
Gemeinwohl-Ökonomie

D'Asbl Gemeinwohl-Ökonomie setzt sech fir en ethesche Wirtschaftsmodell am Grand-Duché an. Hei sti virop ekologesch a sozial Prinzipien am Mëttelpunkt. De Modell cibléiert virun allem Entreprisen.

dav
DNA-Analys

DNA-Informatioune kënnen an déi falsch Hänn geroden an a verschiddene Fäll esouguer géint eis genotzt ginn. Fir déi Date besser schützen ze kënnen, gouf e spezielle System entwéckelt.

Statistiken
Statistik

Den CSS ass Deel vum STATEC. De Rot setzt sech ënner anerem aus Vertrieder vun der Uni, der Chambre des Salariés oder nach dem Presserot zesummen. Mir hu mam Directeur adoint vum STATEC geschwat.

Raoni
Reebësch

De brasilianesche Reebësch ass a grousser Gefor. Dat ass scho laang gewosst, et geschitt awer net wierklech eppes. D'Organisatioun Forêt vierge huet eng Campagne gestart fir dorop opmierksam ze maachen.

Game of Thrones
Zäithistoriker

"Game of Thrones" ass déi éischt assuméiert neo-liberal Mainstream-Serie. Dat ass méi wéi eng kulturell Revolutioun, 't ass en Zivilisatiounsbroch. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen