Luca Di Michele
De Luca Di Michele, e jonke Mann, deenn zu Lëtzebuerg wunnt, huet no senger Coiffeursléier eng Spezialisatioun am Maquillage gemaach. Hien erzielt vu sengem Wee bei de Make-up Artist.
De Luca Di Michele, e jonke Mann, deenn zu Lëtzebuerg wunnt, huet no senger Coiffeursléier eng Spezialisatioun am Maquillage gemaach. Hien erzielt vu sengem Wee bei de Make-up Artist.
Kann een e Konschtwierk nach bewonneren, wann een de Kënschtler als Mënsch veruecht? Oder soll een déi zwou Saachen, d'Schöpfung an hire Schöpfer, vuneneen trennen? Iwwerleeunge vum Thomas Koenig.
Sécher mam Vëlo an de Lycée - dat war den Ursprong vun engem Evenement haut de Moien zu Réiden beim a ronderëm den Aterlycée. D'Nathalie Bender war dohi luussen.
28 Mee 1919: D'Wierfel falen zu Paräis. Wéi ass d'Lëtzebuerger Fro op der Paräisser Friddenskonferenz vun 1919 behandelt ginn? Op dës Fro gëtt den Zäithistoriker Jacques Maas eng Äntwert.
Iergendwann am Liewe stelle sech eng Partie Leit d'Fro, wéi si wëlle liewen, wa si méi al sinn. A fir vill vun hinnen ass et keng Optioun an en Altersheem ze goen. Wéi eng Alternative ginn et?
Firwat gleewe mir Fakenews, och wa mir et besser wësse kéinten a wéi ka sech Wëssen, wat eis d'Liewe bestëmmt, etabléieren? De Philosoph Gilles Retter huet sech e puer Gedanke gemaach.
Wat sinn d'Facteuren, déi e Wéi manner schlëmm maachen oder wéi en Afloss huet den Alter op d'Receptioun vun der Péng? D'Fuerscherin Marian Van der Meulen beschäftegt sech genau mat dëse Froen.
De Gemengesyndikat SIAS an hir biologesch Statioun huet virun zwee Joer e Projet lancéiert, bei deem urban Flächen ekologesch opgewäert ginn. Dat ënner anerem duerch Fauchage tardif oder Blummewisen.
De Cycle 3.1. aus der "Schoul am Duerf" zu Beetebuerg huet zesumme mam David Galassi vun "de Läb" e Lidd iwwer d'Aarmut produzéiert. D'Tessy Steffen Koenig war an d'Klass luussen.
Ass et wichteg, wa 75 Joer nom D-Day net all Mënsch weess, firwat den Dag esou genannt gëtt? Kann ee verschidde Saache vergiessen? De Philosoph Thomas Koenig huet sech e puer Gedanke gemaach.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen