Camping Op Kengert
Op Kengert ass deen éischte Camping zu Lëtzebuerg, deen dëse Weekend mat enger offizieller Lëtzebuerger Klassifikatioun vum Tourismus-Ministère ausgezeechent gouf. De Claude Faber war sech dësen idyllesche Camping ukucken.
Op Kengert ass deen éischte Camping zu Lëtzebuerg, deen dëse Weekend mat enger offizieller Lëtzebuerger Klassifikatioun vum Tourismus-Ministère ausgezeechent gouf. De Claude Faber war sech dësen idyllesche Camping ukucken.
De Joël Billieux fuerscht am Beräich vun der Sucht an ass an der Psychologie ee vun den Akademiker, deen 2018 am heefegsten zitéiert gouf. De Pit Walté huet sech mat him iwwer seng Aarbecht ënnerhalen.
D'Tunnellen ënner der Stad zielen zu de gréissten Attraktioune vu Lëtzebuerg. 1867 gouf d'Lëtzebuerger Festung geschläift, d'Kasematte waren awer net betraff. Zanter 1993 si se fir de Public op.
Wéi misst Bildung ausgesinn, fir datt se deene Jonken hëlleft, mëndeg a glécklech Bierger ze ginn? Dës an aner Froen diskutéiert d'Team vum Pro-Phil zesumme mat hirem Gaascht, der Pascale Worré.
Vun 1915 bis 1946 goufen déi wichtegst Problemer zu Lëtzebuerg duerch Noutstandsgesetzer, ausserhalb vum parlamentaresche Kader, gereegelt. Eng Chronik vum Historiker Vincent Artuso.
En Tram, eng Weich, an eng Entscheedung, déi een net net huelen kann. Den Trolley-Problem ass e Klassiker ënner de moraleschen Dilemmaen. Den Thomas Koenig kuckt sech un, wéi ee mat engem Dilemma ëmgeet.
"De Réckgang vun den Déieren- a Planzenaarten ass massiv", soe move., déi Jonk am Mouvement écologique. Mat enger Aktioun hu si symbolesch op de Biodiversitéitsverloscht opmierksam gemaach.
Sondagë kënnen d'Resultat vu Wahle beaflossen. Aus deem Grond gëtt et a ville Länner Reegelen, wéi Medie mat Sondagen ëmginn, och zu Lëtzebuerg. Dës Reegele sinn awer net ëmmer praktikabel.
Wat sinn eigentlech Grenzen a wéi eng Funktioun hu se fir eis? Kann ee sech eng Welt ouni Grenze virstellen, si mir op se ugewisen oder begrenze se eis? E puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.
Eng Schéierbunn, eng Klatz an néng Holz, déi am beschten all ëmfalen, wann een op se schéisst. Dorëms geet et am Sportkeelen. Ufank Juni war d'Weltmeeschterschaft am Sportkeelen an Däitschland.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen