E Gewier, Schroutkugelen an eng Dauf
De Lëtzebuerger paralympesche Sportler Steve Nothum war op der Para-Shooting Weltmeeschterschaft zu Sydney a koum um Enn op déi sechste Plaz. De Jean Claude Majerus huet mat him geschwat.
De Lëtzebuerger paralympesche Sportler Steve Nothum war op der Para-Shooting Weltmeeschterschaft zu Sydney a koum um Enn op déi sechste Plaz. De Jean Claude Majerus huet mat him geschwat.
Dréchemauere ginn ouni Speis gebaut. Dat eenzegt, wat ee brauch, sinn d'Steng, en Hummer an e Meessel. Eng Dréchemauer schaaft e Liewensraum fir Planzen, déi d'Dréchent an Déieren, déi d'Wäermt gär hunn.
De Brexit beschäftegt grouss Deeler vun der Ëffentlechkeet zanter dräi Joer. Wat géif de Machiavelli zum Brexit soen? Wann een déi zynesch Perspektiv vum politesche Realist unhëlt, wat kann een doraus léieren?
Virtual Reality gëtt et net nëmmen am Kontext vu Videospiller. Op der Universitéit Lëtzebuerg ënnersiche véier Fuerscherinnen, wéi een Afloss eng virtuell Realitéit op d'Empfanne vu Péng kann hunn.
An enger rezenter Resolutioun vum Europaparlament gëtt d'Geschicht fir politesch Zwecker benotzt an interpretéiert. Wat genee problematesch un dëser Resolutioun ass, dat verréit de Fabio Spirinelli.
Opportunist, Taktiker, oder einfach nëmmen en Clown? Wat stécht hanner dem Boris Johnson? De Philosoph Thomas Koenig huet sech um Machiavelli orientéiert, fir e bësse méi kloer ze gesinn.
E Zirkulatiounssystem am Mier souwéi och an der Atmosphär am Beräich vum tropesche Pazifik weist an onreegelméissegen Ofstänn ëmmer erëm Anomalien op, déi eng weltwäit Auswierkung kënnen hunn.
Miel an der Loft. Den Doft vu frësch gebakene Wueren a vill Klimbim vu Knietmaschinnen, der Broutschéiss. Den Jamie Reinert huet sech Moies fréi aus dem Bett gerappt an huet sech mam Mikro Richtung Bakstuff gemaach.
Firwat hu mer dacks zwou Forme fir Artikelen a Pronomen? D'Linguistin Caroline Döhmer erkläert den Hannergrond vu staarken a schwaachen, respektiv vollen a reduzéierte Pronomen an Artikelen.
Bei der zweeter Editioun vun der Competitioun probéieren d'Equippe während zéng Stonnen esou vill Puzzelstécker zesummen ze stieche wéi méiglech. Um Enn ka sech de Gewënner Landesmeeschter nennen.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen