Wëssen

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

De Pluriel: wéi seet een zum Beispill richteg: "Jobs" oder "Jobben"? D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert de Pluriel am Lëtzebuergeschen.

Jerome Lulling
Lëtzebuergesch

De Jérôme Lulling gouf vun der Actioun Lëtzebuergesch mat der Sëlwerplack Dicks-Rodange-Lentz ausgezeechent. Eng immens Éier, wéi hie seet. Linguistik géif net ëmmer vill Unerkennung kréien.

Fraefussball
Fraefussball

D'Fraen-Nationalequipe am Fussball huet 0:5 géint de Kosovo verluer. Et hätt een zwar gutt mat gespillt, seet deN Nicolas Schockmel vun der FLF, d'Géignerinne wieren awer méi fit gewiescht a méi séier mam Ball.

Buschauffer
Mäin Europa

An Europa gëlle präzis EU-Virschrëften, wéi laang Bus-Chauffere fueren däerfen a wéi dacks si pause mussen. Et ass awer net ëmmer einfach se anzehalen, et ass awer en Interessi do, d'Reegelen anzehalen.

Jayrome Robinet
Invité am Moies-Magazin

"Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Schrëftsteller den Owend am Institut Pierre Werner vir. D'Nathalie Bender huet sech mat him ënnerhalen.

Geméis
Frigo Anti-Gaspillage

Zanter zwee Méint steet an der Gemeng Helperknapp ee Frigo, deen dozou bäidroe soll, d'Verschwendung vu Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze reduzéieren. D'Rahel Könen huet sech de Projet erkläre gelooss.

Philippe Ernzer
Reen a Bou

Wann de Wanter méi no kënnt, gëtt de sougenannten NAO-Index zesumme mam Polarwirbel interessant. Domat kann een ofschätzen, ob an nächster Zäit e Wanterabroch wahrscheinlech ass, oder net.

Lëtzebuergesch Orthographie
Lëtzebuerger Sprooch

Wisou schreiwe mir verschidde Wierder mat "éch", och wa se no engem "ë" kléngen? D'Carole Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert, wisou mer dat mat <éch> schreiwen.

D'Berliner Mauer
30 Joer Mauerfall

Genee 30 Joer ass et hier, datt d'Mauer tëschent Ost- a West-Däitschland gefall ass. Mat dësem historesche Moment hätt deemools kee gerechent. D'Rahel Könen huet mat zwee fréier DDR-Bierger geschwat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen