E Champion, eng Käerz an eng Monsterparty
Um leschten Dag vun der Vakanz schwätze mir am 100,7-Klassesall iwwer d'Noriichten, eng Käerz, déi danzt, a mir feieren eng Monsterparty!
Um leschten Dag vun der Vakanz schwätze mir am 100,7-Klassesall iwwer d'Noriichten, eng Käerz, déi danzt, a mir feieren eng Monsterparty!
Déi aktuell sanitär Kris kann och psychologesch Problemer mat sech bréngen: Stress, Ängschten oder Depressiounen. Dofir gouf ee Site lancéiert, op deem d'Leit sech informéiere kënnen.
Um Luerenzweiler Bierg fënnt een d'Mémé, d'Rosie an d'Mausi ënner anerem. Seele Geessen a Schof, déi vun der Josiane Ginter betreit ginn. Den Jamie Reinert ass e rouegen Dënschdeg Mëtteg mam Mikro laanscht spadséiert.
Fir datt jiddweree sech un d'Reegele vum Confinement hält, geet d'Police op den Terrain kontrolléieren. De Pierre Reyland war bei esou enger Covid-19-Kontroll an der Stad mat derbäi.
Am zweetleschte Klassesall an der Ouschtervakanz hu mir erëm flott Theeme fir iech: mir erklären, wéini dir erëm an d'Schoul kënnt goen, mir schielen e réit Ee, a mir liese weider ee Buch.
Mir begleeden d'Anne Bellaigue, d'Coordinatrice vun de Soinen am Spidol um Kierchbierg, eng vun de véier Klinicken, déi Corona-Patiente behandelen. Mir kruten en Abléck an de Beruffsalldag am Spidol.
Am 100,7-Klassesall gi mer haut villes iwwer Vullennäschter gewuer a schwätzen iwwer Skulpturen aus dem Mudam. Mir hunn och en Experiment fir iech am Gepäck mat enger Energiespuerluucht.
Tëschent den normalen Episode vun eiser neier Serie Wëll Wuerzel, ginn et och mol Specials, wou mir eis komplett engem Theema widmen. D'Lara Bousch erkläert, wéi een e Beet kann uleeën, ouni mussen ze gruewen.
Et geet weider am 100,7-Klassesall. Och haut hu mir vill verschidden Theeme fir iech Kanner prett. Mir kréie vu Biberen erzielt, et gëtt ee Rätsel, mir bastelen eng Lavaluucht a kréie Geschichte gelies.
Duerch d'Coronavirus-Pandemie ass net nëmmen dat ëffentlecht Liewe staark beanträchtegt, mee och an anere Beräicher maache sech Anomalië bemierkbar. Well Date feelen, kéint d'Qualitéit vun der Wiederprognos leiden.
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen