Tessy Fautsch
D'Lëtzebuerger Infirmière Tessy Fautsch war iwwer ee Joer laang am Bangladesch als Coordinatrice fir medezinesch Qualitéit an de Flüchtlingscampe vun de Rohingya. De Jean Claude Majerus huet mat hir geschwat.
D'Lëtzebuerger Infirmière Tessy Fautsch war iwwer ee Joer laang am Bangladesch als Coordinatrice fir medezinesch Qualitéit an de Flüchtlingscampe vun de Rohingya. De Jean Claude Majerus huet mat hir geschwat.
Déi eigentlech autoritär Perséinlechkeet charakteriséiert sech ënner anerem duerch typesch Zich wéi d'Unerkennung vun der Gewalt, d'Spezifizitéit vun den Virurteeler, d'Objektivéierung vun alle mënschlechen Bezéiungen.
Meenung
Geschichtsduerstellunge sollen der Komplexitéit vun historesche Realitéiten an de verschiddensten Erënnerungen eng Plaz ginn, ouni dat eent ze betounen an dat anert ze verdrängen, mengt den Zäithistoriker Denis Scuto.
D'Joer 2019 war wiedertechnesch e ganz interessant Joer. E gréisseren Nidderschlagsdefizit, ze héich Temperature wärend den eenzele Joreszäiten, iwwerduerchschnëttlech vill Sonnestonnen an en Tornado.
D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erzielt eppes iwwer Suffixen, a wat do esou Kuriéises am Lëtzebuergeschen ass.
Si mer am Krich, kréie mer Krich? A wéini ass et moralesch vertrietbar, e Krich unzefänken? Den Thomas Koenig huet d'Konzept vu Krich emol ënner d'Lupp geholl.
Zanter 2004 goufen zu Esch Vëloe gratis zur Verfügung gestallt. Mëttlerweil heescht de System Vël'OK. Dës Woch goufen nei Elektro-Vëloe virgestallt, déi déi al Modeller no an no ersetze sollen.
De Café Italia, och bekannt als de Riganelli, ass vun Esch net méi ewech ze denken. Zanter ufanks de 50er treffe sech hei d'Lëtzebuerger Italiener aus dem Süden. Fir e Kaffi ze drénken, eng Ronn Kaarten ze spillen.
Op enger Konferenz mam Titel Youth work in the digital era hei zu Lëtzebuerg hu sech 70 Jugendaarbechter aus 19 Länner getraff fir iwwer digital Offeren an hirem Aarbechtsberäich ze schwätzen.
Den EU-Beruffsausweis vereinfacht d'Mobilitéit vun den Infirmièren an Infirmiere bannen der EU. Wat sinn d'Konsequenzen doduerch bei eisen Noperen an d'Schwieregkeete fir Infirmièren an Infirmieren?
De portugisesche Konsul Aristides de Sousa Mendes huet am Zweete Weltkrich 30.000 Mënschen d'Liewe gerett, ass dono awer an de Vergiess geroden. D'Kerstin Thalau erkläert, wien hie war.
Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen